Problemer beim Adapto Service

No der Reform vun 2020 kruten eng Partie Leit deen neie gratis Adapto refuséiert, obschonn si net mobil sinn. D’Leit hunn och Problemer mat der zentraler Ulafstell. De perséinleche Kontakt, dee wichteg ass, dee gëtt et nit méi. An elo héiere mer dann, trotz oder vläicht grad wéinst der neier Reform an der APP, déi et vum September un gëtt, vu grousse Problemer wat ënnert anerem d’Pünktlechkeet vum Adapto ugeet.

 

Lauschtert déi ganz Fräi Tribün vun der CSV Deputéiert Martine Hansen iwwert d’Problemer beim Adapto Service hei :