Mir brauche méi Efforte géint sexualiséiert Gewalt – Mëssbrauch däerf keen Tabuthema sinn

De Sujet vum sexuelle Mëssbrauch betrëfft eis alleguer. Et ka jidderengem geschéien. Dëst si Verbriechen déi ee fir säi Liewe laang an sech dréit an nimools vergësst. Hei a Lëtzebuerg ginn duerchschnëttlech 10% vun de Kanner sexuell mëssbraucht. Leider ass d’Donkelziffer awer nach vill méi héich. Den Täter ass an 8 vun 10 Fäll männlech an ass meeschtens souguer eng Persoun aus noem Ëmfeld. D’Dot déi geschitt léisst een enorme Schued aus, mee néierens ass de Schued esou grouss wéi bei de Kanner, d’Vertuschung esou einfach, an den Täter esou geschützt. Déi wéinegst Affer komme domat raus wat hinne geschitt ass, an am wéinegsten d’Kanner. Et gëllt dëst Tabuthema ze briechen.

An deem Kader huet d’Nancy Kemp-Arendt e Gesetzesvirschlag a 4 Motiounen eragereecht fir heigéint virzegoen.

De Gesetzesvirschlag wëll d’d’Verjärungsfrist op 30 Joer eropsëtzen, sou datt d’Affer bis zu hirem 48. Liewensjoer Zäit hunn fir en Täter unzekloen.

Déi 1. Motioun freet een nationale Beoptraagten an eng national Ulafstell fir jiddereen deen vu sexuellem Mëssbrauch betraff ass.

An der 2. Motioun geet et ëm eng Sensibilisatiounscampagne fir Kanner a Jugendlecher, wou d’Eltere mat abezu ginn a méi spezifesch déi Professionell viséiert ginn, déi mat oder fir Kanner schaffen.

Déi 3. Motioun ass deposéiert ginn fir datt all Institutioun, déi mat oder fir Kanner schafft, mat der Ënnerstëtzung vum Staat an dem nationale Beoptraagten, en Preventiounskonzept ëmsetze soll an d’Méiglechkeet vun enger Formatioun ubidde kann. 

Déi final 4. Motioun invitéiert d’Regierung fir der klammender Zuel vun Infraktiounen nozekommen souwuel fir kannerpornographescht Material rauszefiltréieren, wéi och d’Kanner besser géint Cybergrooming ze schützen. Dofir muss een déi entspriechend Ressources Humaines, den Know-How an d’Material hunn, wéi och eng Cybersecuritéit Plattform fir Jugendlecher a Kanner an d’Liewen ruffen.

 

Den Detail dovun fann dir hei :

Motions abus sexuels

Proposition de loi 2021