Sommet vun der Europäescher Vollekspartei

Traditionell ass virun Europäesche Rotstreffen den EVP-Sommet, d’Concertatiouns-Reunioun vun de Regierungscheffen a Presidente vun de Memberen vun der Europäescher Vollekspartei . D’Theme vum EVP-Sommet haut zu Bréissel waren, nieft anere politesche Froen, d’Entwécklung vun der Covid-Pandemie an Europa, déi ekonomesch Relance an europäesch Aussepolitik. De Claude Wiseler am Gespréich mam Manfred Weber, dem President vun der EVP-Fraktioun am Europaparlament.