Obligatoresch Schnelltester fir Personal a Visiteure vu Strukture fir vulnerabel Leit

Fir vulnerabel Leit an den Etablissementer fir eeler Matbierger an och an de Strukture fir Mënsche mat enger Behënnerung beschtméiglech ze schützen, huet den Deputéierte Michel Wolter haut an der Chamber e Gesetzvirschlag deposéiert.

Dës „Proposition de loi“ gesäit vir, dass intern an extern Mataarbechter, déi net geimpft sinn oder sech net wëllen impfe loossen, sech reegelméisseg mussen engem Schnelltest ënnerzéien, ier se ufänke mat schaffen. Och d’Visiteuren, déi net geimpft sinn oder soss eng Preuve kënne virleeën, dass se net ustiechend sinn, mussen op der Plaz e Schnelltest maachen.

Nëmmen esou kann d’Sécherheet vun de vulnerable Matbierger garantéiert ginn.

Den detailléierte Gesetzvirschlag vum Michel Wolter fannt Dir hei :

PPL_Wolter_personnel_extrahospitalier