Positioun vun der CSV gewënnt an der EVP

D’Geschicht vu FIDESZ bei der EVP kënnt op en Enn

An hirer Sëtzung haut de Moien huet d’Fraktioun vun der Europäescher Vollekspartei am Europäesche Parlament mat grousser Majoritéit – 148 géint 28 Stëmmen – eng Statutenännerung beschloss. Mat dëser Bestëmmung gëtt et elo méiglech, ganz Parteidelegatiounen och an der Fraktioun ze suspendéieren – besonnesch, wann eng Partei och an der EVP selwer suspendéiert ass. Domat kënnen d’Deputéiert vun der ungarescher FIDESZ och vun der parlamentarescher Aarbecht an der EVP-Fraktioun suspendéiert ginn. Dat bedeit, datt si net méi am Numm vun der EVP-Fraktioun kënnen d’Wuert ergräifen oder parlamentaresch Funktiounen ausüben, mee just nach als individuell Deputéierter.

De Christophe Hansen, Delegatiounschef vun der CSV an der EVP-Fraktioun, sot dozou : « National Parteien, déi eis Wäerter mat Féiss trëppelen, kënne net weider ganz normal an eiser Fraktioun funktionéieren. Dës Ännerung erlaabt eis elo, FIDESZ als Ganzt ze suspendéieren. Mir hunn am Europäesche Parlament laang op esou eng Decisioun higeschafft. Am Abrëll hunn ech mat 14 aneren Delegatiounscheffen déi Propositioun abruecht, déi schlussendlech zu deem Text gefouert huet, dee mer haut gestëmmt hunn.”

D’Isabel Wiseler-Lima, EVP-Spriecherin an der Kommissioun fir Mënscherechter, mécht kloer: “Et geet hei eendeiteg em Wäerter a Prinzipien. FIDESZ huet keng Plaz an der EVP. Der CSV hiren onermiddlechen Asaz iwwer Joeren huet haut zu dëser kloerer Victoire vum Anstand gefouert”.

De Viktor Orban, Premierminister vun Ungarn a President vu FIDESZ, hat an engem Bréif ugekënnegt, datt wann déi nei Regelung géif gestëmmt ginn, seng Partei d’Fraktioun géif verloossen, ier se kéint suspendéiert ginn. Da muss FIDESZ och d’EVP als Partei verloossen.

Dozou de Frank Engel, Parteipresident vun der CSV: “FIDESZ hätt zanter laangem missen aus der EVP ausgeschloss ginn, an d’CSV huet mat 15 anere Membersparteien zënter zwee Joer intensiv dorop higewierkt. Mat dësem Beschloss vun der EVP-Fraktioun weist sech, datt d’CSV Recht hat: si musse goen, a mir musse bleiwen, well et ass déi EVP, déi mir matgegrënnt hunn, op der Basis vun eise Wäerter an Iwerzeegungen. »

Matgedeelt vum CSV-Generalsekretariat