Ausnamezoustand

Den CSV-Parteipresident Frank Engel “zu Gast im Land”

De Virus ass esou vill Katalysator vu gesellschaftlechen Entwécklungen, wéi en der selwer bewierkt. Jo, hien zwéngt eis an eng konstitutionell Suboptimalitéit, well en d’Ausübung vu bestëmmte Rechter wärend zimmlech laanger Zäit aschränkt. Mee e weist eis och, datt et vläicht un der Zäit wier, fir verschidde Problemer vun eiser Zäit nei ze bewäerten.

Eise Gesondheetssystem ass eigentlech immens fragil, a mir liewen an totaler a prekärer Ofhängegkeet vum Ausland. National Schutzreflexer vun eise Nopeschstaate kënnen eise Fonctionnement als Land stënterlech a Fro stellen. Mir stelle fest, datt Einsamkeet an der Gesellschaft e grousse Problem ass, well mer mierken, datt net just zu Covid-Zäiten al Leit an Heemer kee Besuch kréien. Mir stelle fest, datt et erschreckend Zuele vu Suiciden zu Lëtzebuerg gëtt, déi och net eréischt elo vill ze vill héich sinn – an datt esou e materiell räicht Land net emotional esou däerf veraarmen, datt mer héich Suizidzuelen einfach esou wechwëschen. Mir realiséieren, datt mer e Sécherheets- a Gewaltproblem hunn, deen elo vläicht méi grouss schéngt, mee tatsächlech scho laang inakzeptabel grouss war. Mir mierken, datt ganz Wirtschaftssecteure riskéieren, un d’Schleideren ze kommen, an datt eis Verwaltunge net op der Héicht vu séieren an effikassen Decisioune sinn, fir dat Schleideren ze bremsen. Bref: mir ginn eis esou lues bewosst, datt mer eis eigentlech an engem ëmfaassenden Ausnamezoustand befannen.

Et ass net normal, datt mer et bis haut – quasi a ganz Europa – net fäerdeg bruecht hunn, fir der Technologie den Tracing vun den Infektiounen ze iwwerloossen. Mir si net gewëllt, ze soen, wann d’Gastronomie nees op geet, da soll d’Personal geimpft sinn an d’Clienten op d’mannst am Besëtz vun enger App, mat där se hire Besuch ausweisen, esou datt se kënnen erëmfonnt ginn, wann Infektiounen an engem Betrib stattfonnt hunn. Mat Impfung, Schnelltester, Loftfilteren, Kontakt-App an e bësse Verstand kéinte mer an e puer Méint nees e méi oder manner normaalt Liewe féieren. Mee wann Dateschutz viru Gesondheetsschutz kënnt, dann ass da ebe net wouer.

Mir kënnen de Virus net esou bekämpfen, wéi China dat mécht – a mir wëllen et och net. Mee demokratesch Gesellschaften op anere Plazen hunn eng Demarche, e Plang, fir mat him ëmzegoen, déi eis an de Schiet stellen. Ob en an Ostasien ass, oder a Neiséiland, oder a Finnland – et gi vill Plazen, wou demokratesch Gesellschaften entweder ouni Lockdown oder mat kuerzen an haarde Varianten dervun eng zimmlech Normalitéit erëmfonnt hunn. Mir sollten eis deenen hirer Experienz net verschléissen. Dat gëllt iwwregens fir déi ganz europäesch Unioun. Well wa mer net wëllen, datt där hire Fonctionnement insgesamt erodéiert, da muss se en europäesche Wee duerch déi Kris fannen – ouni datt mer eis u Bannegrenzen de Krich erklären. Eng Afrostellung vun der Europäescher Unioun duerch dëse Virus wier fir eist Land iwwregens e Katastrofeszenario.

Mir musse fir eis a vun Europa wëllen, datt méi a méi séier ka geimpft ginn. Eise Grad vun Duerchimpfung ass pathetesch. Mir musse méi impfen, a méi séier. Wa mer aus Russland kéinte séier e puer Honnert Milliounen Dose vun engem performanten Impfstoff erbäi kréien, da sollte mer et maachen. Als EU, a wann dat net geet, als Lëtzebuerg. Mir sinn Duerchgangsland. Mir beschäftegen 200.000 Leit, déi Awunner vun aneren EU-Memberstaate sinn. Mir si méi ufälleg fir dee Virus, wéi e Staat, dee seng Grenzen kann zoumaachen. Wa mir eis selwer schützen, da schütze mer och anerer.

Mir sinn am Ausnamezoustand. Mir alleguer wëllen do eraus. An dat kënne mer och packen, wa mer endlech bereet sinn, Decisiounen ze huelen, déi iwwer d’Woch an de Mount erausginn. An déi, wa se haut net all Mënsch gefalen, muer jidderengem d’Liewe nees méi agreabel maachen.