Dossier Fage: Mitgefangen, Mitgehangen

Nëmme 4 Terraine goufe zënter 1993 vum Stad u Firmen verkaf. Dorënner och den Terrain u FAGE am Joer 2017. Hei sinn déi virgesinne Prozeduren awer net agehale ginn an d’Commissioun speciale ass net ageschalt ginn. Firwat dat geschitt ass kann net erkläert ginn, well et am Wirtschaftsministere keng Dokumentatioun dovunner gëtt.

Als CSV stelle mir fest, datt de fréiere Wirtschaftsminister Etienne Schneider bäi der Vente vum Terrain u FAGE déi selwecht willkürlech Methoden ugewannt huet, wéi beim Militär Satellit .

De Lëtzebuerger Stad ka frou sinn, datt FAGE vu sech aus den Terrain zum Akafspräis rëm un de Stad verkeeft sou datt de Stad keng Suen drop verléiert.

Lauschtert déi ganz Fräi Tribün vun der CSV Deputéiert Diane Adehm iwwert den Dossier Fage hei :