Fräi Tribune : Lëtzebuerg brauch eng effizient Suizidpräventioun

800.000 Fäll vu Suizid weltwäit an 10mol souvill Tentativen. Net nëmmen an anere Länner mee och hei a Lëtzebuerg ass de Suizid eng vun deenen heefegsten Doudesursaachen. 2017 hunn sech zu Lëtzebuerg 67 Mënschen d’Liewe geholl. Dat sinn der méi wéi dat Joer duerch Autosaccidenter, Gewalt oder Drogen ëmkomm sinn.

All Selbstmord ass eng Tragedie déi di ganz Famill an de Frëndschaftskrees betrëfft. Mir mussen eis fir d’Präventioun dovunner op mannst genau souvill Moyene ginn wéi bäi der Präventioun vun aneren Doudesursaachen.

Suizid dierf keen Tabuthema sinn. Mir mussen d’Leit informéieren fir datt si Fäll frei genuch erkennen a vermeide kënnen.

 

Lauschtert déi ganz Fräi Tribün vun der CSV Deputéiert Françoise Hetto iwwert d’Suizidpräventioun hei :