Fräi Tribune : Och Helden brauche mol eng Paus

De Gesondheetssecteur muss an der aktueller Kris sou gutt opgestallt sinn wéi et nëmme geet. Dat ass kloer. Mee duerfir kann een net einfach déi schonn ugespaanten Aarbechtsbedingungen an dësem Secteur nach verschlechteren. Nei maximal Aarbechtsstonnen vun 12 Stonnen am Dag oder 60 Stonnen an der Woch sinn fir dës Leit, déi schonn ënnert immensem physeschen a mentalem Drock leiden, einfach ze vill.

 

Lauschtert déi ganz Fräi Tribün vum CSV Deputéierten Aly Kaes mat méiglechen Alternativen fir de Gesondheetssecteur hei :