Etat de la Nation : Mir erwaarden eis dës Kéier endlech eppes konkretes

Nodeems de Staatsminister d’Land an d’Leit  bei senge leschte Rieden zur Lag vun der Natioun enttäuscht huet, wëll hien iwwerhaapt näischt ugekënnegt huet, muss de Xavier Bettel dës Kéier liwweren. Et geet net méi duer mat Schéiwieder-Politik. D’Leit erwaarden sech an der Kris ganz konkret Äntwerten a Léisungen fir hir Suergen a Problemer. D’CSV Fraktiounspresidentin schwätzt an der Fräier Tribun dës Woch iwwert d’Erwaardunge vun der CSV fir d’Ried vum Staatsminister zur Lag vun der Natioun.