Convocatioun vu Staatsminister a Gesondheetsministesch wéinst substanziell steigende Covid-19-Infektiounszuele 

Här President,

Esou wéi den Artikel 23 (3) vum Chambersreglement et virgesäit, froe mir d’Urgence d’Zesummekomme vun der Kommissioun fir Gesondheet a Sport, zesumme mat der Conférence des Présidents an dem Bureau vun der Chamber.

Virum Hannergrond vun de substanziell steigende Covid-19-Infektiounszuele vun de lëschten Deeg (11.10: 208 positiv vu 5.275; 10.10: 154 positiv vu 6.683; 09.10: 141 positiv vu 7.347) erschéngt eis sou eng gemeinsam Reunioun absolut noutwendeg ze sinn.

Fir eis als Deputéierten ass et nämlech vun zentraler Bedeitung, nach virun der Erklärung iwwert d’Lag vun der Natioun – vun där d’Covid-Lag ee wichtegen Deel ass – déi ablécklech Situatioun an hirer Gesamtheet grad wéi och eventuell nei oder modifiéiert Mesurë vun der Regierung am Detail exposéiert ze kréien.

Duerfir froe mir mat Nodrock déi uewe genannte Reunioun, an dat méiglechst nach haut, Méindeg den 12. Oktober 2020.  

Mir bieden Iech den Här Premier- a Staatsminister grad wéi och d’Madamm Gesondheetsministesch an déi virgenannt Reunioun ze beruffen.

Mir bieden Iech och dës Demande un den Här President vun der Kommissioun fir Gesondheet a Sport weiderzeleeden.

 

Mir bieden Iech eisen déifste Respekt entgéint ze huelen.

Martine Hansen

Presidentin vun der CSV-Fraktioun

 

Claude Wiseler

Deputéierten