D’CSV freet dass de Staatsminister Xavier Bettel “urgent” an d’Finanzkommissioun kënnt. Et geet em de Lëtzebuerger Beitrag zum europäesche Budget fir 2021 bis 2027.

Här President,

Esou wéi den Artikel 23 (3) vum Chambersreglement et virgesäit, froe mir urgent d’Zesummekomme vun der Kommissioun fir Finanzen, an dat a Presenz vum Här Premier- a Staatsminister.

Den Här Premier- a Staatsminister hat an där leschter Reunioun mat dëser Kommissioun, déi op eis Demande hin den 22. Juli 2020 zesummen mat der Kommissioun fir Aussen- an Europapolitik zesumme komm ass, gesot, datt de Lëtzebuerger Beitrag zum méijäregen europäesche Budget fir 2021 bis 2027 (CFP) giff praktesch onverännert bei ronn 300 Milliounen Euro bleiwen. Haut krute mir awer zu eisem Erstaune matgedeelt, dem wier elo net méi sou an de neien CFP-Beitrag géif elo éischter bei 450 Milliounen Euro leien. Dat ass an eisen Aen awer méi wéi just eng „précision“, wéi et an der Kommunikatioun vun der Chamber heescht.

Mir géifen duerfir gären nofroen, wat dann elo definitiv zoutreffend ass a wéi dës dach divergent Matdeelungen géintiwwer der Chamber konnten zustanen kommen. Mir géifen Iech duerfir nach emol bieden, den Här Premier- a Staatsminister fir muer Freideg, de 24. Juli 2020, an d‘Finanzkommissioun ze invitéieren, fir datt d‘Chamber hei Kloerheet kritt.

Mir bieden Iech dann och, dës Demande un den Här President vun der Kommissioun fir Finanzen weiderzeleeden, fir dass se méiglechst muer kann evakuéiert ginn.

Mir bieden Iech, eisen déifste Respekt entgéint ze huelen.

 

Martine Hansen

Presidentin vun der CSV Fraktioun

Laurent Mosar

Deputéierten