D’Evolutioun vun den aktiven Infektiounen mam Sars-CoV-2 ass dramatesch. Mir fuerderen duerfir d’Regierung op, d’Chamber am Uschloss un de Regierungsrot iwwer déi aktuell sanitär Krisesituatioun am Detail ze informéieren.

Lëtzebuerg, de 17. Juli 2020

Här Fernand Etgen – Präsident vun der Chamber

 

Här President,

 

Wéi mir et virgëschter op der Pressekonferenz mat deenen aneren Oppositiounsparteien gesot hunn, ass d’Evolutioun vun den aktiven Infektiounen mam Sars-CoV-2 dramatesch. Gëschter goufen et nach eng Kéier 163 Neiinfektiounen. Et ass deemno dovunner auszegoen, dass d’Hospitalisatiounen (och d’Beleeung vun den Intensivbetter) wäerten zouhuelen.

 

Mir fuerderen duerfir d’Regierung op, d’Chamber am Uschloss un de Regierungsrot iwwer déi aktuell sanitär Krisesituatioun am Detail ze informéieren.

 

Mir bieden Iech an deem Kontext der Chamber sämtlech der Regierung zougänglech Donnéeën zur Verfügung ze stellen. Un där Reunioun sollten och, nieft den zoustännege Regierungsmemberen, d’Experten, déi der Regierung zur Säit stinn, deelhuelen fir och hir Ausféierungen an Aschätzungen aus éischter Hand ze kréien.

 

Mir bieden Iech eisen déifste Respekt entgéint ze huelen.

Martine Hansen

Presidentin vun der CSV Fraktioun

Gilles Roth

Deputéierten

 

Léon Gloden
Deputéierten