Fräi Tribune : Ee besonneschen Nationalfeierdag

Mir feieren Nationalfeierdag dëst Joer esou wéi mir et net gewinnt sinn, nämlech ouni grouss ze feieren. Dee selwechten Dag, also um Virowend vum 23. Juni, ginn och d’Covid-19 Gesetzer an der Chamber gestëmmt. Déi Gesetzer misste méi kloer a koherent sinn an d’Decisiounen, déi geholl ginn, op wëssenschaftleche Fakten, an net um Bauchgefill, berouen. D’CSV wëll de Leit awer och Merci soe fir déi grouss Well vu Solidaritéit déi lescht Méint. Mir däerfen an Zukunft kee méi eleng loossen an déi normal Leit, déi eist Land ausmaachen, net vergiessen.

Ee schéinen Nationalfeierdag.