Corona-Direkthëllefen: Landwirtschaft endlech gläich behandelen

Bis haut sinn Landwirten, Wënzer a Gäertner vun der Regierung an hirem Corona-Hëllefspak vergiess ginn. Mee och si brauchen Ënnerstëtzung. D‘CSV-Deputéiert Martine Hansen an Octavie Modert fuerderen duerfir eng direkt Gläichbehandlung vun de Landwirten bäi alle staatlechen Hëllefen. D’CSV erwaart datt de Landwirtschaftsminister méi aktiv gëtt an d’nächst Woch konkret Moossnamen fir dëse Secteur op den Dësch leet.

Des weideren ass fir d’CSV kloer datt d’Agrargesetz och muss ugepasst ginn.

Den detailléierte Pressecommuniqué an déi fir eis 5 wichtegst Hëllefen fann dir hei :

CSV – Pressemitteilung