Ceta: Antidemokratischer Missbrauch der Krisenzeit

CSV-Fraktion hëlt aus Solidaritéit a Protest net um Chamber-Vote deel

Déi Blo-Rout-Gréng Majoritéit vun der Regierung well an der Krisenzäit eng Debatt iwwert dat ëmstriddent Ceta-Gesetz féieren an dëst ofstëmmen. Dat widdersprécht de Prinzippien vun der Demokratie. Vill Organisatiounen wëlle géint de Ceta protestéieren, dat och virum Parlament. Duerch den “Etat de Crise” wier dat awer den Ament net méiglech.

D’CSV bedauert, datt eng Regierung, déi fir Demokratie, Transparenz an Participatioun ugetrueden ass, a Krisenzäiten dës net méi ëmsetzt.

Den detailléierte Pressecommuniqué fann dir hei :

CSV Pressemitteilung