Zu Gast im Land: Wéi am Krich

Wéi am Krich

« Nous sommes en guerre ». Dëse Saz, eng Rëtsch Kéiere widderholl vum franséische President Macron a sénger leschter Usprooch un d’Natioun, iwersetzt d’Situatioun, an däer Europa sech befënnt. Mir sinn am Krich, net géint e Land oder eng Arméi vun Zaldoten, net géint Kampffligeren, Kanounen an Gewierer, mee géint en Organismus. Eng kleng biologesch Realitéit, net ze gesinn, mee milliounefach bei eis – an an eis – präsent. Eng potenziell déitlech kleng biologesch Realitéit. Net nëmme fir den eenzele Mënsch, mee och fir eis sozial Organisatioun.

A ganz Europa ginn déi sozial Kontakter erof-, an d’Grenze nees eropgefuer. Et ass wéi am Krich, wou jidderee virun allem u sech denkt, all Natioun, all Vollek hiert eegent Iwerliewe wëlle sécheren, éier se un anerer denken. Egal, ob dat Nopere sinn, Alliéierter oder Frënn. Wann de serbesche President sech an engem dramateschen Appell u China wend, fir Hëllef am Kampf géint de Virus ze kréien, da stëmmt an Europa eppes net. Dat ass e Nopeschland, eent, wat soll der Unioun bäitrieden. An Italie lande chinesesch Fligere mat Material an Dokteren, fir eng Hand unzepaken…aus Europa krut Italien net vill ausser Matleed. Sou kann dat net sinn. Et kann och net sinn, datt d’Vereenegt State mat brachialer Gewalt probéieren, eng Firma an Däitschland ze kafen, déi vläicht als éischt en Impfstoff géint de Coronavirus op de Maart brénge kéint. Eng Impfung, op déi all d’Mënschen um Planéit waarden.

Am Krich traut keen deem anere méi. Vläicht war et virum Krich net vill anescht, mee am Krich ass et mam gespillte Vertrauen definitiv eriwwer. Mir kucken deen aneren, wéi wann et sécher wir, datt en eis Béises wëllt. Duerfir gi mer em och näischt. Mee menge mer wierklech, mir géifen eis all nom Krich net méi dorun erënneren? Et wir da vergiess, datt amplaz Solidaritéit Exklusioun praktizéiert gouf?

Bannent eiser Gesellschaft gëtt et ganz vill Solidaritéit. D’Leit wëssen och – d’Leit woussten dat ëmmer a Krichszäiten! – datt een an der Nout muss deelen a sech géigesäiteg hëllefen. Mir hëllefen eis beim Akafen, beim Versuergen, bei de klenge Suerge vum deegleche Liewen. Wuerfir brénge mer dat an Europa an doriwwer eraus net fäerdeg, tëschent Staten a Regierungen? Wuerfir wëllt een deem aneren en Impfmëttel mat vill Frick ewechkafen? Wuerfir streide mer um ganze Globus em Masken, Brëller, Schutzkostümer a Beotmungsapparater? A natierlech och: wuerfir sinn däer net iwerall genuch do?

D’Globaliséierung hat eis geléiert, datt ëmmer een dat bëlleg produzéiert, wat mir grad brauchen. Bëlleg, an ausreechender Quantitéit, a wäit vun de Biergerinitiativen ewech. Wéi topeg déi Attitüd war, gëtt haut kloer. Mir produzéieren an Europa quasi keng Medikamenter méi. An der ganzer Unioun net. War et besonnesch raffinéiert, esou eng Situatioun zouzeloossen? De Chinesen eis Versuergung net nëmme mat I-Phones, mee och mat Antibioticken a soss Medikamenter ze iwerloossen? Haut geséich wuel kee méi dat esou. Gëschter kruten déi, déi et ausgeschwat hunn, gesot, se géinge näischt vun Ekonomie verstoen.

Wéi am Krich stellen d’Leit sech Froen. Wuerfir et huet missen heizou kommen, a wéi et duerno soll viru goen. Wéi mer eng Gesellschaft, e Kontinent an eng Welt kënne kréien, an däer méi mënschlech Reflexer gëllen. Wou et net méi nëmmen ëm de Goss an de Profit geet. Wann déi aktuell Kris eis eppes léiert, dann ass et jo : Virun dem Ennemi vun haut si mer definitiv all gläich.

 

Frank Engel am “Zu Gast im Land” vum 20. Mäerz 2020