Reform vum Adapto : Et bleift nach vill ze maachen

D’CSV war déi Partie, déi sech vun Ufank un fir ee gratis Adapto agesat huet. Nodeems de Minister no engem Refus am Ufank, eng 180 Grad Kéier geholl huet, ass den Adapto mam ëffentlechen Transport gratis ginn. De Service huet sech allerdéngs verschlechtert an dofir bleift dëse Sujet fir d’CSV um ordre du jour.
D’CSV setzt sech dofir an,  dass och Leit, déi altersbedéngt net kënnen op de gratis ëffentlechen Transport zeréck gräifen, an dat och vum Dokter zertifizéiert kréien, vum  Adapto Service kënne profitéieren.

Lauschtert hei d’Fräi Tribun vum Ana Pinto a Marco Schank zu deem Thema :