Grëffeg Virschléi fir d’Suerge vun de Leit

Am RTL-Background huet de Frank Engel Kloertext geschwat op enger Rei vu Sujeten

Klimaschutz

« De Leit, déi op den Auto ugewise sinn, hunn ech keng Loscht ze soen, well anerer e Problem verursaachen, muss dir elo en Dausender méi d’Joer aus der Täsch zeien, fir eppes mat ze maachen, datt mir op eng aner Manéier kéinte bewierken.

Woufir héieren ech net vun der Regierung, datt mir de Camions-Transitverkéier missten drastesch aschränken ? An den Alpelänner, déi vum Transit betraff sinn, ginn et zäitlech a voluminéis Beschränkunge vum Verkéier. Ech ka mir Fuerbeschränkunge virstellen, déi dozou féieren, datt mer d’Presenz vun de Camionen a vun den Tankstellen esou beschränken, dat mir méi no un eis Emissiounsreduktiounsziler kommen. »

Steierpolitik

« Grad di kleng a mëttel Revenue mussen entlaascht ginn. … An et gehéiert eng verbessert Versioun vum Klimapak dran, déi Incentive setzt a gläichzäiteg Kompensatioune virgesäit, fir dat e Mënsch, de nëmme kann eng bestëmmte Leeschtung erbréngen, net an d’Aarmut geheit gëtt. »

Logement

De Wuesstemsdebatt ass vun de Regéierenden net erwënscht. Datt dat eise Verkéierssystem, eis Schoulen, eis Spideeler iwwerlaascht, dat kënnt an dem Raisonnement net vir. Mir mussen Perimetererweiderungen landesplaneresch sënnvoll maachen, esou dat ausreechend neie Wunnraum op de Maart ka kommen, fir dat d’Präisevolutioun gebremst gëtt. … D’Reform vun der Grondsteier duerf net déi treffen, déi Terrainen fir hir Kanner halen.

Klickt hei fir den integrale Background mam Frank Engel op RTL.lu