Fräi politesch Tribune vum CSV-Parteipresident Frank Engel op RTL 92,5 a Radio 100,7

 

Iwwer d’Ëmgangsformen an der Politik

 

„D’Oppositioun zu Lëtzebuerg gëtt net monddout gemaach. Egal, wéi eng Raibergeschichte nach erfonnt ginn, fir eis kleng ze kréien.“ Fräi politesch Tribune vum CSV-Parteipresident Frank Engel op RTL 92,5 a Radio 100,7

 

Déi lescht Wochen politesch Aktualitéit hunn derzou gefouert, datt sech Verschiddener iwwer den Toun an d’Ëmgangsformen an der Politik beschwéieren. Déi Lëtzebuerger politesch Kultur géif bei der Däiwel goen, soen der, déi dozou méi bäidroen, wéi se jee géifen zouginn. An op de Risiko hin, mech nees eng Kéier un deene Gréngen ze vergräifen : op Verschiddenes äntwerte wëll ech awer haut. Muss ech och.

 

Virun e puer Deeg huet et um grénge Kongress geheescht, d’CSV géif de politesche Klima versauen. De President vun der grénger Partei hat esouguer eeschtlech Verdauungsschwieregkeete beim Gedanken, d’CSV géif de Rechtsstaat wëlle schützen, an huet gemengt, bei deem Gedanke misst hien… katzen.

 

Ech wëll zu dëser leschter Wuertwiel soen – déi begeeschterten Applaus no sech gezunn huet – datt ech doheem bis laang a meng Jugend era verbuede krut, dat Wuert ze benotzen. Ech géif et sécherlech bis haut net op enger politescher Tribün maachen. Wien sech esou artikuléiert, offenbart eigentlech, datt e net méi eens gëtt. Dat ass den eigentleche  Problem.

 

Wéi d’CSV nach regéiert huet, dat ass zwar laang hier, mee ech erënnere mech trotzdeem drun, do goung et géint eis héich hir. Mengt Der, de Luc Frieden, de Jean-Marie Halsdorf an och de Jean-Claude Juncker wiere frou driwwer gewiescht, wéi deemools vun den Häre Meisch, Bausch an aneren op se geschoss gouf, dacks aus der Hëft ? Dat waren se net. Mee si hätte net am Dram dru geduecht, fir déi deemoleg Oppositioun drun ze hënneren, hir Aarbecht ze maachen.

 

Haut ass d’CSV an der Oppositioun. Do huet ee kee Staat ze droen. Dat musse schonn déi maachen, déi virun engem Joer nees eng Kéier decidéiert hunn, datt dräi Parteie mat zesummen 31 Sëtz sollten eng Regierung ouni CSV bilden. Si wollte regéieren, da sollen se elo regéieren. A se sollen endlech och akzeptéieren, datt se dobäi vun der CSV op d’Fanger gekuckt kréien. Et ass jo ni richteg: hält d’CSV sech liicht zréck, heescht et verächtlech: déi maache jo keng Oppositioun, si si guer net an där ukomm. Maache mer der, heescht et rosen a verschotert: déi versauen de politesche Klima. Nee, dir Dammen an dir Hären. D’CSV versaut héchstens deenen de Cortège, déi mengen, de Staat géif hinne gehéieren, an an der Regierung kéint ee just dat maachen, wat engem gefält.

 

An deene leschte Méint hate mer eng Rei Mëssstänn opzedecken an hunn dat gemaach. Ob Fichieeën, vun deene keen eppes weess, mee déi zu Dosenden existéieren, oder Geneemegungen, déi gréng Lokalpolitiker vu grénge Nationalpolitiker kréien, ouni dozou berechtegt ze sinn: et ass net der CSV hir Schold, wann hei déi politesch Zoustännegkeete bei grénge Ministere leien. Mee et ass einfach besonnesch schlëmm, wa grad gréng Regierungsmemberen einfach all Zort vu Bereetschaft vermësse loossen, Rechenschaft ofzeleeën a Feeler ze redresséieren. Grad déi Partei, déi alles weess, a besser wéi soss jiddereen, an déi mécht, wéi wann si Transparenz an demokratesch Kontroll erfonnt hätt, muss da mat hefteger Kritik rechnen. Dat ass legitim, natierlech, an enger Demokratie normal.

 

A jo, ech well mam Rechtsstaat ofschléissen, deen am Zesummenhank mat menger Partei beim President vun deene Grénge Briechräiz ervirrifft. Mir wëllen, datt Lëtzebuerg där ee bleift. Duerfir hätte mer gär, datt zu Lëtzebuerg ee behandelt gëtt, wéi deen aneren. Och wann e net bei deene Gréngen ass. A mir hätte gär, datt politesch Parteien hir respektiv Rolle spillen, déi an der Regierung ouni Willkür, an déi an der Oppositioun ouni Maulkuerf. Ech hunn a fréiere Funktioune mer vill mussen zum Thema Maulkierf unhéieren, ech kennen eppes dovun. D’Oppositioun zu Lëtzebuerg gëtt net monddout gemaach. Souguer net deen Deel dervun, deen aus der CSV besteet. Egal, wéi eng Raibergeschichte nach erfonnt ginn, fir eis kleng ze kréien. Mir halen dat aus.