„Kilometer fir konkrete Klimaschutz“: Klammt mat eis op de Vëlo!

No eisem Nolauschter-Tour bei d’Leit queesch duerch d’Land klëmmt d’CSV-Fraktioun elo op de Vëlo. Mat eisem Vëlos-Tour 2019 wëlle mir „Kilometer fir konkrete Klimaschutz“ maachen.

Klammt duerfir mat eis op de Vëlo! Depart ass Donneschdes, den 22. August um 14.30 Auer virun der Rockhal um Belval. Hei ass och d’Arrivée géint 18.30 Auer. Den Tour vu ronn 50 Kilometer geet vu Belval op Belval mat engem Halt zu Rëmeleng beim Musée des Mines an zu Péiteng beim Café am Home. D’Participatioun ass gratis. Eng Umeldung ass net néideg.

Eise Vëlostour ass méi, wéi just Vëlo. „Kilometer fir konkrete Klimaschutz“ heescht: mir siche Sponsoren fir Beem ze planzen! Heiheem zu Lëtzebuerg an dobaussen a Mëttelamerika. Wëll jidder nei geplanzte Bam ass konkrete Klimaschutz.

Mir invitéieren duerfir all Coureur, fir sech nom „Charity Cross“-Prinzip Sponsoren ze sichen: fir 50 Cent de Kilometer. Also 25 Euro den Tour. Mä all Spend ass wëllkomm! D’Suen kënnen bor op der Plaz bezuelt ginn oder op de Kont IBAN LU71 0019 5455 7469 4000 mat der Mentioun „Vëlostour 2019“ iwwerwise ginn. Mir leeden se da weider.

Duerno ass um 18.30 Auer Après-Vëlo am Urban um Belval. Jiddereen ass wëllkomm!

Merci an ee flotten Dag um Tour!


Vëlostour 2019: ronn 50 Kilometer

Depart: 14.30 Auer, Belval, Avenue du Rock’n Roll virun den Héichiewen.

Duerno: Vëlos-Piste P6 bis op Rëmeleng.

Stopp 1: 15.15 Auer, Rëmeleng, Musée des Mines.

Duerno: vu P6 op P8 laanscht Téiteng, Keel, Schëffleng, Esch-Lalleng, Zolwer, Suessem bis Péiteng.

Stopp 2: 17.00 Auer, Péiteng, Café am Home.

Duerno: P8 bis op Zolwer. Dann iwwert d’Strooss via Zolwer a Bieles zréck op d’P6 bis Belval.

Arrivée: 18.30 Auer, Belval, Avenue du Rock’n Roll virun den Héichiewen.

Duschméiglechkeet: Lycée Bel-Val, 100 Avenue du Blues, L-4368 Suessem.

Jiddereen fiert op seng Verantwortung!


Konkret Projeten fir konkrete Klimaschutz

Heiheem: Lafbësch zu Lëtzebuerg

Bewosst wollte mir och heiheem Beem planzen. Wëll Klimaschutz muss no bei de Leit sinn. Soss kritt een d’Leit net mat an d’Klimaboot. Mir schaffen hei zesummen mat „natur&ëmwelt Fondation Hëllef fir d’Natur“. Mir bedeelegen eis hei un der Uplanzung vun engem naturnoe Lafbësch zu Lëtzebuerg.

Dobaussen: Opforstung op Haiti

Global si nei Beem och wichteg. Duerfir hu mir eis e Projet op Haiti erausgesicht. Den Inselstaat huet 97 Prozent vu senger Vegetatioun verluer. Hei mécht d’Lëtzebuerger Asbl OTM Haïti (Objectif Tiers Monde) eng konsequent Opforstung. Mir bedeelegen eis hei, fir dem Bësch och a Mëttelamerika eng Zukunft ze ginn.

Wëssenschaftlech Basis

De Notzen vu Bëscher beim Kampf géint de Klimawandel ass erwisen. Dat beleed eng nei Etüd vun der ETH Zürich vu Juli 2019. D’Experten soen, datt d’Opforstung global op 0,9 Milliarden Hektar méiglech ass. Sou kéinten zwee Drëttel vun de globalen CO2-Emissiounen opgeholl ginn. Fir d’Fuerscher ass dat souguer déi effikasste Mesure géint de Klimawandel.