Fir eng Verfassung mat de Bierger

De Parteipresident Frank Engel erkläert an der fräier politescher Tribün, dass d’CSV de Wieler wëll an der Verfassungsreform matbestëmme loossen. Dat wëlle mir a Form vun enger veritabler Consultatioun maachen an d’Meenunge vun de Bierger dann an den defintiven Text mat afléisse loossen.

D’Verfassung ass de Basistext fir d’Zesummeliewe vun eis all a soll och deemno vun de Bierger matbestëmmt ginn.