Fir eng nei Verfassung mat de Bierger

D’CSV ënnerstëtzt d’Aféierung vun enger neier Verfassung. Si soll op deem Text opbauen, deen aktuell virläit an un deem Verfassungsexperte vun der CSV maassgeeblech bedeelegt waren.

Mir stellen allerdéngs fest, datt a leschter Zäit politesch Propositioune vu Majoritéitssäit formuléiert goufen, déi zu engem groussen Deel vun der Verfassung gereegelt musse ginn.

D’CSV ass der Iwwerzeegung, datt de Verfassungstext, dee schlussendlech ugeholl gëtt, definitiv soll sinn an net direkt nees muss op de Leescht geholl ginn.

D’CSV hätt gär, datt mir zu dësem definitiven Text zesumme mat de Bierger kommen. D’Verfassung ass e Pakt tëscht dem Bierger an dem Staat mat sengen Institutiounen. Un deem Pakt mussen d’Biergerinnen an d’Bierger matschreiwen.

Mat engem Verfassungsreferendum engagéiert eis Natioun net nëmme sech, mee och déi kommend Generatiounen.
D’CSV wëll duerfir d’Mënschen informéieren a consultéieren.

D’Froen, déi sech aus deem participative Prozess erginn, wëll d’CSV an engem consultative Referendum de Bierger virleeën an d’Äntwerten an de Verfassungsprojet integréieren.
Déi nei Verfassung ass keen abstrakt Dokument, dat vun engem méi oder manner grousse Krees vun Experte redigéiert gëtt, mee et ass de Basistext fir d’Zesummeliewe vun eis all. Et ass méi wéi just Jo oder Nee.

Duerfir wëll d’CSV de Mënschen um Wee zu eiser neier Verfassung wierklechen Afloss ginn.

Matgedeelt vun der CSV