Fongen detournéiert bei der ADEM

D’Lëtzebuerger Aarbechtsamt huet an engem Communiqué matgedeelt, dass en Agent bei der ADEM Suen ënnerschloen huet. Doropshin gouf de Parquet infirméiert. Et gouf eng Plainte gemaach an eng Enquête an d’Weeër geleet.

D’ADEM kann wéinst der lafender Enquête keng Detailer ginn.

D’CSV fuerdert, dass den Aarbechstminister Dan Kersch an déi zoustänneg Chamberkommissioun kënnt, fir an där Affär Explikatiounen ze ginn.

 

Demande de convocation Commission du Travail et de l’Emploi – Détournement de fonds ADEM