Iechternacher Sprangprëssessioun: Eng Diskussioun, déi méi wäit wéi just ronderëm ee schoulfräien Dag dréit

Zur Petitioun Nr. 1016

D’CSV ass sech absolut bewosst, dass et eis Aufgab ass, eisen Unesco Patrimoine culturel immatériel net nëmmen ze schützen an ze erhalen, mee doriwwer eraus nach besser ze valoriséieren. Mir hu vill Versteesdemech fir d’Uleies vun de Pétitionnairen.

D’Iechternacher Sprangprëssessioun ass een Deel vun eiser kultureller Identitéit, an et gëllt des Traditioun lieweg ze halen a mat Liewen ze fëllen.

Dofir muss een sech dann och di néideg Mëttele ginn.

Fakt ass, dass och leider an der Vakanz manner Leit op d’Sprangprëssessioun kommen. Et läit also net just um fräien Dag.

Also musse mer de Leit aus dem ganze Land an aus der Groussregioun dëst Evenement méi no  bréngen. Well nëmmen all puer Joer fält Päischtdënschdeg net an d’Schoulvakanz.

Mir soe jo zu enger Journée du patrimoine culturel an der Schoul , fannen et awer onglécklech, dass deen Dag 2019 grad um Dag selwer vun der Sprangprëssessioun, also dem 11. Juni 2019 soll ofgehale ginn.

Et wier méi sënnvoll, dëst méi laang am Virfeld ze maachen. D’Léierpersonal huet deemno eng wichteg Aufgab : kulturell Themen upaken an d’Schüler am Virfeld preparéieren a drop sensibiliséieren, fir dass si Loscht a Freed kréien op d’Sprangprëssessioun  ze goen .

Jiddereen ass jo laut dem Minister fräi op d’ Sprangprëssessioun ze goen: all Schüler, all Enseignant, all Klass an all Schoul di dat wëlle maachen, dierfen dat maachen a Päischtdënschdeg un der Sprangprëssessioun deelhuelen.

Mir als CSV fuerderen donieft, dass um Dag selwer vun der Sprangprëssessioun keng Prüfung dierf gehale ginn, mee och net den Dag duerno, well et de jonke Leit, di aktiv deelhuelen, zäitlech net méiglech ass sech op eng Prüfung fir den Dag duerno virzebereeden.

Donieft fuerdere mir, dass an de Schoule wou Schüler an Enseignanten de Wonsch äusseren, dësem kulturellen Evenement  bäizewunnen, och Busse respektiv Spezialbusse mussen zur Verfügung stoe fir dass si sech bis op Iechternach deplacéiere kënnen.

Dëst wier ee praktesche Bäitrag fir eise Patrimoine culturel ze ënnerstëtzen a lieweg ze halen, an esou engem mi breede Public zougänglech ze maachen. An et wier am Aklang mat der Unesco-Konventioun iwwer dat immateriell Kulturierwen, déi Lëtzebuerg ratifizéiert huet an d’Sprangprëssessioun 2010 vun der Unesco als « patrimoine culturel immatériel » unerkannt kritt huet. Heimat huet Lëtzebuerg sech och zur Fleeg a Fërderung vun dësem Kulturierwe verflicht.

Matgedeelt vun der CSV OSTEN