Firwat Politik? Am Gespréich mat jonke Kandidaten – Sonja Conzemius, Christian Weis a Stéphanie Weydert

Firwat sech als Jonke politesch an der CSV engagéieren? Wat sinn d’Prioritéite vu Jonke fir d’Zukunft? D’Sonja Conzemius, jonk Kandidatin fir d‘Chamberwahlen am Norden, de Christian Weis, jonke Kandidat aus dem Süden, an d’Stéphanie Weydert, jonk Kandidatin am Osten, ginn op hir Motivatioun an, sech politesch ze engagéieren, an dorobber, wou an hiren Aen d’Erausfuerderunge fir eist Land leien.

Fir d’Sonja Conzemius steet d’Wuel vum eenzele Bierger am Mëttelpunkt. “Duerch e politescht Engagement kann ee villes veränneren, bestoend Problemer léisen a géint d’Onzefriddenheet bei de Bierger ukämpfen.” Duerch säi Beruff als Juristin beim LCGB ass d’Sonja Conzemius deeglech mat de Problemer an der Aarbechtswelt konfrontéiert a setzt sech dofir fir eng staark a gerecht Sozial- an Aarbechtspolitik an.

Dem Christian Weis seng politesch Motivatioun koum him wärend senger Ausbildung zum “Assistant Social”. „Hei ass mir bewosst ginn, datt mir e Sozial System hunn dee gutt, mee net selbstverständlech ass, a fir deen e sech all Dag staark muss maachen”. D’Stéphanie Weydert engagéiert sech an der Politik fir eppes ze beweegen: „Ech well d’Zukunft vun eisem Land matgestalten.” Duerch seng politesch engagéiert Famill huet hat sech vu kleng op fir Politik interesséiert. Him ass wichteg, datt mir dem Trend vun dem ëmmer méi deiere Logement entgéintzewierken. Déi kleng a mëttelstänneg Betriber sinn him e weidert wichtegt Uleies.