E staarke Wunnengsbaupak, dee wierken soll

An der Debatt iwwert de Wunnengsbau huet de Marc Lies e konkrete Mesurëkatalog virgeluecht fir eng laangfristeg, couragéiert a kohärente Wunnengsbaupolitik. Baséierend op en Zesummespill vun ëffentlechen a privaten Akteuren. Dobäi soll de Staat mat der Hëllef vum Fonds du Logement an der “Société nationale des Habitations à bon Marché” an de Gemenge verstäerkt Verantwortung iwwerhuele fir Situatioun um Wunnengsmaart zu entspanen.

Sou goufen ënnert anerem folgend Propositioune gemaach:

– Déi bestoend Wunnengsbausubventioune ginn gebündelt an an de Kaf vu Bauland investéiert.

– Duerch de Pacte Logement an de “Fonds de dotation communale” solle Gemenge méi ënnerstëtzt gi bei der Schafung vu soziale Mietwunnengen.

– De Gemenge feelt et oft un de néidegen Erfarunge fir subventionéierten a soziale Wunnengsbau ze realiséieren, dofir muss eng nei Struktur geschaf gi fir d’Gemengen ze beroden, ze ënnerstëtzen an ze begleeden.

– Nei, grouss an zesummenhängend Flächen a Bauland sollen am Kader vum “Plan sectoriel Logement” definéiert ginn.

– onbebauten Terrain’en am bestoende Bauperimeter, déi aus spekulative Grënn zeréckgehale ginn, sollen iwwer eng national staatlech festgeluechte Stéier wesentlech méi héich besteiert ginn.

– Baulücke sollen iwwer zäitlech begrenzte stéierlech Vergënschtegunge geschloss ginn.

– De Prinzip vum Mietkaaf sollt agefouert ginn. Dësen hëlleft jonke Familljen a Leit mat mëttlerem Akommes eng Wunneng unzeschafen. De bezuelte Loyer enthält de Spuerbetrag fir de spéidere Kaf a gëtt beim definitive Kaf vun der Wunneng am Kafpräis mat verrechent. No 5-10 Joer ka Wunneng iwwer Ierfpacht kaaft ginn.

– Fir méi Transparenz am Dickicht vun den Immobilien-Offere soll eng harmoniséierter Plattform fir Immobilienannonce mat detailléierten Informatiounen iwwert Wunneng am “Cadastre Vertikal” an de notariséierte Verkafsakte suergen.