Pressekonferenz zum Thema Wuesstem an der Fleegeversécherung

Am Kader vun enger Pressekonferenz ass de Claude Wiseler op déi politesch Aktualitéit agaang an huet sech och mat der Fro vum Wuesstem beschäftegt. De Fraktiounspresident vun der CSV huet kloer gemaach dass Lëtzebuerg Wuesstem brauch. Dëse muss awer geleet a begleet ginn. An et muss een ee Rhythmus fannen, dee bei eis passt.

Ee klengt Land wéi Lëtzebuerg kann net alles maachen. Bei der Diversifizéierung vun der Wirtschaft muss ee wessen wat een wëll. An de neien, zukunftsweisende Clusteren déi et schonns zu Lëtzebuerg gi muss ee méi maachen. De Claude Wiseler denkt do präzis un d’Circular Economy an dass eist Land sech soll als internationale Medical Hub opstellen

Bei der wirtschaftlecher Entwécklung ass de Claude Wiseler och op Google ze schwätze komm. CSV ass net géingt Google. Mä och aner Betriber musse genee esou séier an effikass gehollef kréie wéi den Internetgigant. Google däerf dem Fraktiounspresident no keng Ausnam sinn. Duerch sou grouss Entreprisen däerfen aner mëttelstänneg Betriber net benodeelegt ginn a manner Terrain kréie fir ze wuessen oder ze innovéieren. Kleng- a Mëttelbetriber brauchen eis Hëllef. CSV huet dofir ee Plang opgestallt deen ënner anerem nei a méi effikass Hëllefen iwwer de Wee vun de Steiere virgesäit.

Am Dossier Fleegeversécherung huet de Claude Wiseler festgestallt dass vill Onsécherheet ënner de Fleegebedierftegen ass. CSV fuerdert, dass Reform am Interessi vun de betraffene Leit, dem Personal an de Leeschtungsubidder nogebessert gëtt. Bei de sougenannte „courses sorties” an de Gardë muss de Minister zréckrudderen.