Affaire Lunghi: Et bleiwen nach vill Froen op

No der Kommissiounssëtzung vun en Dënschdeg, wou de Staatssekretär am Kulturministère Stellung an der Affaire Lunghi geholl huet, bleiwen nach vill Froen op. Op CSV-TV huet de CSV-Generalsekretär Laurent Zeimet gemengt, et géif elo Zäit ginn, dass de Staats-, Kultur- a Medienminister Xavier Bettel an der Chamber Stellung hëlt.