D’Propose vun der CSV sinn an de Regierungstext agefloss

D’Reform vum Nationalitéitegesetz ass durch de Regierungsrot. D’CSV, déi scho virum Referendum eng Proposition de loi gemaach hat, ass mam Text vun der Regierung averstanen, nodeems d’Iwwerleungen an d’Kritiken vun der gréisster Oppositiounspartei mat an de Projet agefloss sinn. An dësem Video ginn et weider Erklärungen vum CSV Fraktiounschef Claude Wiseler.