Konsultatiounsdebatt iwwert Verkéierssécherheet

D’Verkéierssécherheet war de Sujet vun enger Konsultatiounsdebatt an der Chamber.

Ënnert anerem huet den CSV Deputéierte Marco Schank proposéiert d’Vitesse bei Schoulen op 30 km/Stonn erof ze setzen. Hien huet och op d’Gefoer vun der Vitesse allgemeng mä awer och vun Alkohol um Steier oder dem Telefonéieren an SMS’en higewisen. D’CSV Idee vun engem nationalen Dag vun der Verkéierssécherheet ass och duerno vum zoustännege Minister positiv opgegraff ginn.

Hei kënn der d’Ried vum Marco Schank lauschteren.