Här President,
léif Kolleginnen a Kollegen,
D’CSV ass frou, datt mir haut iwwert d’Konklusiounen vum Artuso-Rapport schwätzen. Frou, well et eng wichteg Diskussioun ass. Eng Diskussioun déi iwwert d’Parteien erausgeet. Iwwer Majoritéit an Oppositioun. Eng Diskussioun, bei där et ëm dat ganzt Land geet. Ëm all seng Awunner.
Zesummen kucken mir haut op déi schwéiersten Zäit zeréck, déi onst Land erliewt huet : den Zweete Weltkrich. Et war eng däischter Zäit. Voller Leed fir onst Land a seng Awunner.
Zu Lëtzebuerg ass vill a gäeren iwwert déi Zäit geschriwwen a geschwaat ginn. Dodriwwer, wéi Nazi-Däitschland ons vun 1940 bis 44 besaat huet. Dodriwwer wéi d’Nazien ons forcéieren wollten fir Däitsch ze ginn. Dodriwwer wéi d’Lëtzebuerger hirem Okkupant d’Stier gebueden hunn. An iwwert den héichen, mënschlechen Präis, deen si dofir bezuelt hunn.
Manner vill a gäeren, gëtt iwwer déi geschriwwen a geschwaat, déi dem Nazi-Okkupant gehollef, eng Hand matugepackt, kollaboréiert hunn. D’Kollaboratioun ass keen Tabuthema méi. Et fënnt een si an engen sëllegen Bicher, Mémoiren, Ausstellongen an esouguer Filmer. An engems, ass d’Kollaboratioun bis haut ee sensibelen Sujet. Een Sujet dee wéi deet.
Virun 75 Joer sinn et der ginn déi matgehollef hunn. Et sinn der ginn, déi aktiv Resistenz gemaacht hunn. An déi Meescht hunn einfach versicht ze liewen an ze iwwwerliewen.
Dat war esou. An haut erkennen mir einfach un, wéi d’Situatioun war : net schwaarz oder wäiss. Mä eppes dotëschent. Mat villen Nunancen.
An dorëms geet et och beim Rapport Artuso iwwert d’Verfollegong vun de Judden hei zu Lëtzebuerg. Et geet drëms ze nunancéieren. An net ze denoncéieren.
Et ass eben geschitt. Och hei bei ons. Am Joer 1940. Deemols hunn och Lëtzebuerger, och Vertrieder vum lëtzebuerger Staat, gehollef, fir Judden ze identifizéieren, auszestoussen an ze verdreiwen. Esou d’Haaptkonklusiounen vum Rapport Artuso.
Et gi vill Grënn firwaat dat geschitt ass. Aus Angscht. Aus Drock. Aus Resignatioun. Aus Upassong. Aus Opportunismus. Oder aus Iwwerzeegong. Ons geet et net drëms mam Fanger op een ze weisen oder ze jugéieren. Mir wëssen haut : bei der Verfollegong vun Judden zu Lëtzebuerg ass kollaboréiert ginn. Och vun enger Rei ëffentlechen Autoritéiten, an vun verschiddenen vun hiren Vertrieder.
An dofir wëllen mir der juddescher Communautéit haut soen, dat et ons Leed deet. Mir entschëllegen ons. Et ass an där Zäit, zu Lëtzebuerg wéi a ganz Europa eng Méfiance géigentiwwer de Judden ginn. Mä d’Lëtzebuerger als Vollék waren a sinn net antisemitesch. Et gouf och keng esou eng Politik vum ganzen Lëtzebuerger Staat gemaacht. D’Exil-Regirong an eenzel Bierger hunn de Judden gehollef.
An awer si mir haut betraff. Als Mënschen. Mir fillen no wat deemols geschitt ass. Hei bei ons. Och bei ons goufen juddesch Matbierger verdriwwen. An déi meescht vun hinne sinn ni méi heemkomm, si sinn ëmbruecht ginn. An dat eenzeg an alléng well si Judden waren. D’Nazien haten decidéiert fir hinnen d’Mënschsinn ewechzehuelen.
An dat däerfe mir, dat wëlle mir net vergiessen. Mir soen onsen juddeschen Matbierger, den juddeschen Flüchtlingen vun deemols : dir hutt deemols zu ons gehéiert. Dir gehéiert och haut zu ons. An dir sidd ee festen Deel vun onser Gesellschaft. Onsem Land.
Wat Iech geschitt ass, dat wëllen mir weiderginn an dat wäerten mir weiderginn. Un ons Kanner a Kandskanner. Och si wäerten sech dodrunner erënneren. Ëmmer an ëmmer erëm.
Och un déi aner Affer: un d’Resistenzler, d’Zwangsrekrutéiert, déi Ëmgesiedelt, déi politesch a reliéis verfollegt Leit.
Fir dat hiert Blutt zum Blutt vun der Hoffnung gëtt a bleift.
Mir all zesummen si gefuedert Toleranz ze liewen an aus der Geschicht zu léieren. Datt huet ganz einfach mat engem Bild vum Mënsch ze dinn. Vun senger Dignitéit. Senger Fräiheet.
Wann ons déi um Häerzen leien, dann ass et ni ze spéit iwwert déi Zäit vun der Shoah ze schwätzen.
An dofir maachen mir haut dee Geste vis-à-vis vun onsen juddeschen Matbierger. Mir soen pardon an erënneren ons.
A ganz konkret creéiere mir dofir een nationalt Monument an eng Fondatioun vun der Shoah.
An dofir ass et och wichteg, eng Plaz vun der Deportatioun vun de Judden hei am Land, wéi Cinqfontaines, Paffenmillen bei Elwen, als lieu de mémoire ze erhalen.
An dofir muss och d’Fuerschong iwwert déi Zäit – an allgemeng iwwer ons rezent Vergaangenheet – weidergoen an mat den neidegen Mëttelen ënnerstëtzt ginn. Zum Beispill mat engem Archivgesetz, wou ee Projet am Tirang läit.
Här President, als CSV sti mir zu dësen Gesten déi mir haut maachen, mat hiren Perspektiven fir ons all. An deem Sënn ënnerstëtzten mir och d’Resolutioun vun der Chamber mat hiren Konklusiounen an offiziellen Gesten.