Resolutioun iwwert d’Unerkennung vum Génocide vum Armenesche Vollek

Här Prësident,
Dir Dammen an Dir Hären,
Ech hunn de Mëtten déi grouss Éier, am Numm vu praktesch allen an dësem Haus vertruedene Fraktiounen a politesche Groupen d‘Resolutioun iwwert d’Unerkennung vum Génocide vum Armenesche Vollek virzestellen.
No deenen zwou Motiounen iwwert d’Unerkennung vun engem palästinenseche Staat duerch eis Regierung virun e puer Méint, ass et elo déi zweete Kéier, datt dëst Parlament sech zu wichtegen aussepolitischen Sujetën zu Wuert mellt. Dofir och direkt ee Merci  un de Pësident vun der zoustänneger Kommissioun, deen ëmmer een oppent Ouer huet fir Demanden vun der Oppositioun. Mäi Merci geet awer och un déi aaner Kolleginnen a Kollegen aus der Aussepolitescher Kommissioun, déi bereet waren, eis Resolutioun – wann och an ëmgeännerter Form – ze ënnerstëtzen.
D‘Resolutioun, déi Iech virläit, ass eng, déi zesummen mat allen aneren Fraktiounen a Gruppen weiderentwéckelt an ënnerschriwwe ginn ass. Mir waren eis och vun Ufank un eens, fir an eisem Text ganz kloër den Terme vu „génocide“ ze gebrauchen. Och wëll all aanert Wuert weder historesch nach politesch Sënn mëcht.

Firwat dann grad elo eng Initiativ vun där Résolutioun?
Fir mech gin et do haaptsächlech zwee Grënn:
éischtens sinn et zanter dem 24. Abrëll ganz genau 100 Joer hier, datt déi éischte Kéier am Ufank vum 20. Joerhonnert 100.000 Mënschen wéint hierer Zougehéiregkeet zum armeneschen Vollek op eng barbaresch Manéier embruecht gi sinn. Betounen wëll ech allerdengs och, datt dësen onmënschleche Völkermord net nemen un Armenier begange ginn ass, mee och un den Asyrer, den Aramäier an och de Pontos-Griechen.
Mam Vote vun dëser Resolutioun geet et eis fir d’éischt drëm, nach eng Kéier op dëse brutale Völkermord hinzeweisen a ganz besonnesch och deenen Honnertausenden Affer ze gedenken.
Eng zweet Ursaach ass, datt niewent der Unerkennung vum Völkermord durch d’Vereente Natiounen entretemps och 22 national Parlamenter dësen „génocide“ och expressément unerkannt hun. Niewent dem Europaparlament sinn dat och d’Parlamenter vun eise Nopesch-Länner, also der Belge, Holland a Frankräich. Hei ass iwwregens  d’Negatioun vum Génocide mëttlerweil och strofbar.  An och den däitsche Bundesstag wäert an deenen nächsten Deeg eng ganz ähnlech formuléiert Resolutioun unhuelen, nodeems viru kuerzen den däitsche Bundesprësident Joachim Gauck an enger remarquabler Ried dat schons gemaach huet. D’Zäit ass also méi wéi räif! A mir sinn a beschter Gesellschaft.

Här Prësident,
ech wëll awer och ënnersträichen, ëm wat et eis net an dëser Resolutioun geet:
Et ass kéng Resolutioun, déi  géint dat tiirkescht Vollek oder géint déi tierkesch Regierung geriecht asss. Au contraire:  eis béid Länner verbannen zanter langem frëndschaftlech Relatiounen souwuel um politeschen wéi um witrtschafteleche Plang. A mir appréciéieren och den Engagement vun der Tierkei an der Nato. Grad wéi och déi exzeptionell Hëllef vun Ankara an der syrescher Flüchtlingsdramatik.
Wa mir haut an eiser Resolutioun un dee Génocide erënneren, sëtze mir keen, deen haut nach lieft, op d’Uklobänk. D’Täter vun deemols liewen net méi an et gëtt keen, deen hiere Kanner oder Kanneskanner eng Schold wëllt ulaaschten. Wat awer Kanner an d’Kandskanner vun den Affer mat Recht dierfen erwaarden, ass eng Unerkennung vun historëschen Tatsachen an domadder vun enger historescher Schold.
An de lëschte Wochen an Deeg ass vill iwwert déi Bezeechnung débattéiert a gestridde gin, déi dëss „Evenementer“ vun virun 100 Joer am beschten géifen beschreiwen. Mir mussen alleguerten drop oppassen, datt sech dës Debatt awer net nëmmen op Differenzen iwwert e Begrëff reduzéiert. Et geet virun allem drëms, no 100 Joer déi genau geplangten Zerstéierung vun engem Vollek a sénger ganzer historescher Wierklechkeet an onmënschlecher Grausamkeet unzeerkennen, ze bekloen an ze betraueren. A vill vun Iech hu sécher an deene leschten Deeg op däer enger oder anerer Televisiounschaîne déi schlëmm Filmer a Fotoën vun dëser Zäit gesinn.

Här Prësident,
Dir Dammen an Dir Hären,
Et geet an dëser Resolutioun – an dat ass vläicht dat Allerwichtegst – just scheinbar ëmt d’Vergaangenheet. Virun allem geet et ëmt d’Zukunft, déi ee just kann a Verantwortung an der Géigewaart opbauen. Wëll mir wëlle net just de Génocide un den Armenier condamnéieren. Mir wëllen virun allem duerfir suergen, datt sou ëppes nie méi dierf virkommen!
An erlaabt mer och an deem Kontext op d’Verfolgung vun de Reliounen am Allgemengen a besonnesch awer op d’Persecutioun vun de Chrëschten am Orient am Besonneschen hinzeweisen. Och duerfir ass eise Geste vu grousser aktueller Bedeitung.
Schlussendlech si mir dovun iwwerzeegt, datt d’Unerkennung vum Génocide un den Armenier duerch d’tierkesch Autoritéiten e wichtegt Zeechen a Richtung Openeen-Zougoën an Ausöhnung vun Tierken an Armenier duerstellt. Nëmmen wann ee bereed ass, d’Vergangenheet ze verstoen an opzeschaffen an och Responsabilitéiten unerkennt, gëtt et eng Chance fir sou eng Versöhnung.
Dat huet dëser Deeg och deen däitsche Bundesprësident Gauck gesot, mat deem ech och elo wëll schléissen:
„Niemand braucht Angst zu haben vor der Wahrheit. Ohne Wahrheit keine Versöhnung. Nur gemeinsam können wir überwinden, was uns getrennt hat und was uns trennt. Nur gemeinsam haben wir eine  gute Zukunft in dieser einen, uns gemeinsam anvertrauten Welt.“
Ech soen Iech Merci fir Är Opmierksamkeeet an hoffen op Är breed Zoustëmmung!