Frank Engel ass Member an der Spezialkommissioun iwwer Steierpraktiken an der EU

D’EU Parlament huet bekanntlech décidéiert eng Spezialkommissioun (an net wéi vu Gréngen a Lénke gefuerdert eng Enquêtekommissioun) iwwert verschidde Steierpraktiken an Europa anzesetzen. De Frank Engel gouf als eenzege Lëtzebuerger Europadeputéierten als Vollmember an déi Kommissioun genannt an ass deemno déi nächst Méint derbäi wann déi Steierpraktiken analyséiert an duerno Propose fir méi Steiergerechtegkeet an der EU gemeet ginn.

Et ass wichteg fir eist Land, dass ee vun eisen Deputéierten an där Kommissioun vertrueden ass. D’Spezialkommissioun soll bannent 6 Méint ee Rapport virleeën.