D’Viviane Reding iwwert déi grouss Erausfuerderungen vun der Kommissioun Juncker

Dem Jean-Claude Juncker seng Kommissioun krut jo eng breet Majoritéit am Europaparlament an ass vum 1. November un a Funktioun.

An hierer Emissioun geet d’CSV Europadeputéiert dës Woch op déi grouss Erausfuerderungen vun der Kommissioun an. Dozou gehéieren den digitale Bannemaart an d’Energieunioun.

Den neie President huet jo een Investitiounsprogramm an Héicht vun 300 Milliarden Euro versprach fir méi Wuesstem an doduerch méi Aarbechtsplazen ze schafen.