Geplangten Atomzentral a Groussbritannien : Viviane Reding reagéiert op RTL

RTL Radio ass an engem Reportage op déi geplangten Atomzentral a Südengland agaangen. D’CSV Europadeputéiert Viviane Reding ass net averstanen, dass déi britësch Regierung d’Erlabnis soll kréien dësen nei Reaktor mat staatleche Suen ze subventionéieren. Dofir huet d’Viviane Reding dem EU-Kommissiounspresident eng Partie Froe gestallt, op déi se schrëftlech eng Äntwert freet.

Ënnert anerem heescht et an deem Schreiwes et kéint net sinn, dass d’Kommissioun, déi just nach puer Wochen am Amt ass, nach esou eng wichteg Décisioun hëlt. Duerch esou eng Subventioun géif d’Nuklearenergie encouragéiert ginn, wat dann zu Laaschte vun den erneierbaren Energie kéint goen, fäert d’CSV Europadeputéiert.

Lauschtert hei de Reportage vum Lynn Gaspar op RTL Radio Lëtzebuerg.