Hearingen : De Georges Bach stellt Froen un déi désignéiert Kommissären

Soziales a Beschäftegung an Transportpolitik, dat sinn d’Beräicher an deenen de Georges Bach sech besonnëch staark am Europaparlament asetzt an als Member vun deene Kommissiounen, war hien och d’lescht Woch derbäi, wéi déi désignéiert EU-Kommissären aus deene Beräicher gehéiert goufen. Den CSV Députéierten hat do och d’Geléenheet direkt Froen un déi désignéiert Kommissären ze stellen.