De Grand-Duché huet dëser Deeg seng 175 Joer Onofhängegkeet gefeiert, nee gefeiert ass dat falscht Wuert, mir hunn den 175 Joer geduecht, bal wéi en Noruff – onopfälleg. Bis op eng Séance académique a Presenz vun eisem Staatschef, dem Grand-Duc Henri, an enger brillanter Ried vum Historiker Michel Pauly war vun engem feierleche Gebuertsdag net vill ze spieren.
Do erënnert ee sech dach drun, mat wat fir engem Äifer 1989 nach déi 150 Joer gefeiert goufen. Duerch quasi all Duerfkär gouf et en Ëmzuch, an dausende vu gréngen Häerzer hu gegluckst, well esou vill Fräiheetsbeem gesat goufen.
An elo? Wëlle mir wierklech bleiwe, wat mir sinn? Et hat ee bal d’Impressioun, dass dem Méchel Lentz sengem Feierwon den Damp ausgaange wier. Ass eis den Identitéitsgedanke verluer gaangen, fäerte mir, an deem ëmmer méi groussen Europa houfreg op eis ze sinn?
Neierdéngs gi mir jo net midd, vun Nation branding ze schwätzen, wëllt soen, d’Marque Lëtzebuerg no baussen ze verkafen. Dat hu mir op jidde Fall bei dem 175. Gebuertsdag definitiv net färdeg bruecht!
… mat engem Shanghai-Chines
No deem offiziellen Acte d’lescht Woch war virum Cercle vill virwëtzegt Vollek, an ech si vun engem Shanghai- Chines ugeschwat ginn, wat dann do lass wier. Ech koum du mat him an d’Gespréich, an iwwert eis 175 Joer konnt hien nëmmen midd laachen, mee fir de Rescht war hien dach awer ganz intresséiert.
De Jean-Claude Juncker an d’Lea Linster géif hie kennen, mee soss net vill, hie wosst eppes vun eisem reliéise Chef, dee Japanesch kéint, hien hätt e ganz klenge Cousin, deen hei géif op enger Bank schaffen, a Stol vun hei kennt hien och zu Shanghai.
An am Palais wunnt de Kinnek an dir iesst enorm vill Kachkéis?
Eent nom anere! Ech hunn him dunn erzielt, wéi dat dann hei esou wier, wéi dat klengt multikulturellt Vollek mat senger Villsproochegkeet sech géif druginn, dass et him och an Zukunft géif gutt goen.
Iwwert eis héich Unzuel vun Aarbechtsplazen am Verglach zu der Awunnerzuel war hien impressionéiert, och dass esou vill Leit aus dem Ausland all Dag géifen an d’Land schaffe kommen. Dräi Prozent Wuesstemsprognose fir déi nächst Joren hunn hien net extra beandrockt, mee de Fall gesat wiere mir dann awer an 20 bis 30 Joer zu bal enger Millioun.
Wéi mir dat dann am Transport géife gedenken ze regelen. Mat enger Aart Transrapidverbindung an d’Haaptstad oder enger Autobunn mat e puer Stäck? Zu Shanghai wiere si elo op siwe Stroossen iwwereneen an iwwerhaapt, wou dann all Mënsch géif wunnen.
Du sot ech him, dass mir elo mol géifen en Tram bauen …!
Ob mir dann dofir missten Haiser ewechrappen wéi a China?
Ah nee, sot ech mengem erstaunten Vis-à-vis, dat wier hei net de Brauch an et misst och nach vill méi gebaut ginn, sécher anescht a méi ekologesch an och méi no openeen.
A mam Wunnen, hunn ech erklärt, géif dat e bësse méi laang daueren, well vill Proprietairë géife waarden, dass d’Demande an d’Präisser nach géife klammen. Dat wier net ëmmer ganz fein.
Déi Bescht fir eis Wirtschaft
A wou huelt Dir d’Leit hier?
Ech hu geäntwert, dass mir déi Bescht fir eis Wirtschaft probéieren aus allen Deeler vun der Welt ze kréien, well mir Lëtzebuerger wiere jo net zu esou vill an déi meescht vun deene géife beim Staat schaffen.
Weider huet mäi chinesesche Frënd gefrot, ob mir de Kachkéis géifen am grousse Mooss exportéieren?
Nee, sot ech, mee mir investéiere ganz vill an Hightech … an d’Logistik an och an d’Fuerschung, an och wann et op eise Stroosse vill Stau géif ginn, hätte mir dach awer bal déi séierst Datenautobunne vun der Welt!
Du koum d’groussherzoglech Famill eraus, hien huet séier Merci gesot, sech léif entschëllegt, fir awer nach kënnen e puer Fotoen ze man, well si misste weider op Paräis zu Nuecht iessen, dat wier jo net ze wäit …?
Nee, sot ech et ass just e Stéck, esou ëm den Eck. Mir wiere jo schliisslech an Europa an net a China.
Felix Eischen