Bundestagswahlen an Däitschland

An engem Bréif huet de Premier Jean-Claude Juncker der Bundeskanzlerin Angela Merkel zu hirem Erfolleg bei de Bundestagswahlen an Däitschland gratuléiert. D’Wahlresultat wier eng Unerkennung fir dat wat geleescht gouf an zugläich eng Opfuerderung, och an Zukunft d’Politik an Däitschland ze gestalten.

„Ich bin der Überzeugung, dass eine von Dir geführte Bundesregierung zur Vertiefung der Beziehungen zwischen unseren beiden Ländern und zur Festigung der europäischen Integration beitragen wird.“

sou de Jean-Claude Juncker, deen da betount, dat hien sech op eng wieder frëndschaftlech Zesummenarbecht fret.

Op RTL Radio Lëtzebuerg sot de Premier:

„Ech si frou, datt d’CDU déi Wahle gewonnen huet, op eng däitlech an eng eendeiteg Aart a Weis. Et weist, datt d’Volleksparteien nach eng Chance an eisem Raum vun Europa hunn.“

De ganzen RTL-Interview fannt Dir op:

http://bit.ly/18mE2K6