Sécherheet – e Biergerrecht

Am Kader vun hirer Vereedegung, huet de Staatsminister Jean-Claude Juncker de Policebeamte säi Respekt a seng Unerkennung ausgeschwat. Gewalt géint Polizisten huet hien schaarf veruerteelt a fir sou Fäll méi haart Strofen gefuerdert.

„Dir sidd Bierger an Uniform. An Dir sidd am Déngscht vum Staat a vun de Leit. Ech felicitéieren Iech a wënschen Iech eng glécklech Hand an Ärem neie Beruff. Et ass e schwéiere Beruff. Grad an enger Zäit, an der d’Gewalt zouhëlt. Och géint Polizisten an aner Vertrieder vum Staat. Dat ass inakzeptabel,” esou de Staatsminister. „D’Sécherheet vun de Bierger huet fir d’Regierung iewescht Prioritéit.”

PM_Police