Heure d’actualité au sujet du rapport présenté à la presse luxembourgeoise quant à la prise de participation par des investisseurs qataris dans Cargolux

Hei déi intégral Ried als PDF-Dokument: Fernand Boden Cargolux

– et gëllt dat geschwaate Wuert –

Discours de Monsieur Fernand Boden

Iwwer eppes misste mer eis heibannen all eens sinn : D’Cargolux ass fir eist Land e ganz wichtege Betrieb, deen et derwäert ass ënnerstëtzt ze ginn a gehollef ze kréien fir.

Daat ass op jidde Fall d’Iwerzeegung vun der CSV.

Vun  der Cargolux hänken eng ganz Rei vun Aarbechtsplatzen oof an hiir Aktivitéit huet e staarken Impakt op aner Betrieber : de Findel, d’Luxair, de Logistikzenter.

D’Cargolux verdéngt also eng grouss Opmiirksamkeet.

Et schéngt eis awer, dass oft aus allze duerchsiichtege Grënn, diers Gudden zevill gemaach gëtt, waat ganz sëcher net am Intérêt vum Betrieb ass.

An de leschten 7 Méint hu mer 4 mol an öffentlechen a 4 mol a Kommissiounssëtzungen mat den zoustännege Ministeren iwer d’Cargolux diskutéiert. Dobei ware verschiedener bal nëmmen un der Vergangenheet, an do och baal nëmmen un dem Deal mat de Qatarier interesséiert, a kaum un der Zukunft vum Betrieb, op déi mer eis Opmierksamkeet konzentréiere missten.

Op Demande vun  der DP an déi Greng sinn de 14. an den 21. November 2012 a gemeinsame Sitzungen vun der Finanz- a Nohaltegkeetskommissioun ganz Froekatalogen opgestallt a beäntwert ginn iwert den Oflaaf, den Inhalt an d’Begleedëmstänn vum Deal mat de qatareschen Autoritéiten a mat Qatar Airways.

De 15. November an den 19. Dezember sinn déi Froen erëm an öffentleche Sitzungen zur Sprooch komm – an DP war sech net ze schued an Dokument auszedeelen, waat strictement privé et confidentiel wor, opwuel se wësse missten waat fir e Schued esou eppes fir e Betrieb duerstelle kann.

D’CSV war och nach dermat averstaan an der Sëtzung vum 19. Dezember eng Motioun vun der DP an déi Greng ze ënnerstëtzen, déi d’Regierung invitéiert huet kuurzfristeg en détailléierte Rapport ze maachen iwert hiir Verhandlungen mat den qatareschen Investisseuren, a punkto Participatioun an der Cargolux, obschons daat schons e puer Mol mëndlech geschitt an a Procès-Verbauxën festgehaale wor.

Och den Här Minister Frieden huet der Motioun  zougestëmmt, en huet awer schons deemols gesoot : « d’Regierung ass also mat der Motioun d’accord, mä ech wees elo schon, wann mer dee Rapport schreiwen, da wäert awer erëm gesoot ginn, d’Froen wären net beäntwert »

Wéi Recht sollt hie behaalen, an dobäi huet d’Regierung de Rapport net selwer rédigéiert, mä sie huet daat vun enger Consulting Firma maache gelooss, déi Wert op hiir Onoofhängegkeet an Integritéit leet a sie huet dat gëschter nach an engem Communiqué ennerstrach, déi awer déi néideg Viirkenntnisser vum Dossier haat fir a kuurzer Zäit dëse Rapport der Chamber kënne viirzeléen.

« PwC réfute avec la plus grande fermeté toute tentative de remise en cause de l’indépendance avec laquelle les travaux ont été conduits et maintient toutes les conclusions du rapport. »

D’Konlusiounen vun dësem Rapport si kloer a sie bestätegen daat, waat déi zoustänneg Ministeren eis ëmmer erem gesoot hun.

Dass daat net jidderengem heibanne gefällt, ass net verwonnerlech.

De Finanzminister huet de leschten Dënschden de Mëmberen vun der Finanzkommissioun  d’Haaptresultater vum Rapport matgedeelt

Och d’Beriichter doriwer an der Press sinn eendéiteg : d’Verhandlungen mat dem Qatar si korrekt verlaaf ; et gouf kee beviirdeelegt ;

D’Qataren  hätten deemols mat déi beschten Offer gemaach.

Frieden n’a rien  à se reprocher !

Le ministre voit son action dans le dossier Cargolux validé par un rapport d’experts.

Et gouf also keen Alleingang vum Minister Frieden, seng Regierungskollegen waren am Bild an hunn hien derzou encouragéiert d’Operatioun mat de Qataren ze relancéieren.

Seng Aufgab huet dora bestaan en Dossier, dee jorelaang festgefuer war ze déblockéieren. Daat ass him och gelongen.

« Cet accord a été salué par les membres du Gouvernement ainsi que la plupart des personnes interrogées comme une excellente évolution du dossier ».

Daat ass en Zitat aus dem Rapport, wou een och nach liese kann, datt den Här Frieden nom mëndlechen Accord direkt dem Staatsminister J-Cl. Juncker ugeruff huet en deen huet en fir desen Accord félicitéiert.

Den Här Frieden huet effektiv seng Roll als Minister do voll a ganz ausgeübt, a mat Talent a Geschéck eppes am Intérêt vun engem wichtege Betrieb ausgehandelt, waat net jidderee färdeg bruecht hätt. E Merci dofir huet hien awer vu Villen net kritt, ganz am Géigendeel. Mä wéi seet d’Sprechwuert: « Undank ist aller Welten Lohn ». Domat wäert den Här Frieden awer liewe mussen a sëcherlech och kënnen.

D’CSV huet op jidde Fall vollt Vertrauen an d’Aarbecht vun den zoustännege Ministeren Wiseler a Frieden a vun der ganzer Regierung am Dossier Cargolux, dee sécher och nach an Zukunft vill Asaaz an Iwerzeegungskraaft verlaange wäerd.

D’Aussoen vum Prësident vum Verwaltungsroot vu Cargolux Paul Helminger d’virlecht Woch op RTL iwwert d’Schwieregkeeten fir en neie strategesche Partner an Aktionnär ze fannen, missten dach derzou féieren eis virrangeg eescht Gedanken iwert d’Zukunft vun der Cargolux an hiire Beschäftegen ze mann, aplaz wéi ëmmer nees ouni Nout an d’Vergaangenheet wullen ze goen an do wëllen eppes ze entdecken, waat net stattfond huet.