“Ëmmer fir eng gutt funktionéierend an onofhängeg Justiz agesat”

De Finanzminister Luc Frieden huet op RTL Tëlee Lëtzebuerg kloer Stellung geholl a sech rosen iwwer déi extrem grave Virwërf gewisen, déi géint hien an d’Welt gesat ginn:

“Ech wollt ëmmer, datt mir hei am Land eng gutt an onofhängeg Justiz hunn.” Dofir huet hien sech als Justizminister ëmmer agesat. Esou war hien dee Justizminister, den e.a. am meeschte dofir gesuergt huet, datt d’Justiz personell verstäerkt ginn ass.

“Ech hunn nie gesot, datt den Dossier Bommeleeër soll zougemaach ginn.” Sou hat hien ëmmer d’Zil, datt d’Dossiere weiderkommen an opgekläert ginn, all d’Dossieren. An der Suerg no enger efficacer Justiz, huet hien, als Justizminister, nogefrot, wéi et an engem Dossier, den 20 Joer am Gaang ass, wou sou vill Leit, sou laang dru geschafft hunn, wéi et do weidergeet. Virwërf hien hätt sech domadder wëllen an déi Ermëttlungen amëschen oder hien hätt eng Intentioun gehat, hei Drock auszeüben, datt de Dossier zougemaach gëtt, stëmme net. Falls en aneren Androck entstan ass, géif hien et bedaueren. Ma hien huet awer net a géif och nie d’Prinzipie vum Rechtsstaat violéieren.

Déi ganz Interventioun vum Finanzminister bei RTL Tëlee Lëtzebuerg fannt Dir hei: