Claude Wiseler bei der Aweiung derbäi

A Präsenz vum Claude Wiseler, Minister fir Infrastrukturen a Nohaltegkeet gouf d’Annexe „Victor Hugo“ vum Lycée Hubert Clement zu Esch offiziell ageweit.

Et gouf eng gutt Aarbecht geleescht, Sécherheet an Accès goufen un di neiste Standard’en ugepasst, huet de Minister präziséiert, an d‘Klassesäll an d‘Fassade goufen neigemaach.

D’Annexe fir ronn 460 Schüler gëtt sou laang gebraucht bis d’ Ëmbau Aarbechten am Lycée Hubert Clement fäerdeg sinn. Am Prinzip wäert dat 2016 sinn. Bis elo leien d‘Renovatioun Aarbechten am Plang, sou de Minister Wiseler.