De Premier bei der Kanzlerin zu Berlin

Am Mëttelpunkt vum Gespréich tëscht dem Jean-Claude Juncker an der Angela Merkel dierft den EU-Sommet di nächste Woch zu Bréissel stoen. Op deem europäesche Rendezvous geet et ënnert anerem och ëm Steierfroen.

De Premier begéint haut och de fréieren däitsche Finanzminister an elo SPD- Kanzlerkandidat Peer Steinbrück fir een Austausch.

E wieder Punkt um Programm haut ass eng Diskussiounsronn vum Radio WDR iwwert d’Zukunft vun der Währungsunioun.