5 Punkten aus dem Premier senger Ried zur Lag vun der Natioun

1.Vertrauen an de Staat

Jean-Claude Juncker:

Mir hu keng Staatskris, mä et kriselt am Staat. Et ass eng hausgemaachte Vertrauenskris an d’Institutioune vun eisem Staat. D’Bommeleeëraffär an d’Affär ëm de Geheimdéngscht hu Vertrauen zerstéiert.

De Staat duerf sech awer net duerch säi behuelen dem Verdacht aussetzen, d’Staatsorganer géife vertuschen, zoudecken a verstoppen. Déi, di regéieren, sinn der Credibilitéit an der Irréprochabilitéit vum Staat a besonneschem Mooss verflicht.

Dofir ass et gudd, datt d’Ministeren sech ee Verhalenskodex ginn hunn an datt d’Chamber déiselwecht Exigenze wëll applizéieren.

Dofir huet d’Regierung ee Gesetzprojet iwwert den ëffentlechen Zougank zu Informatioune virgeluecht. Ech stinn zum Projet, mä ech si bereet, d’Informatiounsflicht vum Staat méi breet unzegoe wéi de Projet dat mécht. Wann d’Chamber hir Aarbechten an déiselwecht Direktioun orientéiert sinn ech hiren Alliéierten.

2. Bankgeheimnis:

Jean-Claude Juncker:

Wa mer d’Zukunft vun eiser Finanzplaz wëlle sécheren, da musse mer eis aktiv un der Festleeung vun deene Regele bedeelegen, déi dat internationaalt Finanzgeschäft encadréieren.

Eis Finanzplaz lieft net vu Schwaarzgeld a vun der Steierhannerzéiung. Hir Representante ginn net midd ze soen d’Finanzplaz wier propper a si géif op déi Clienten, déi vum Schwaarzgeld oder déi vum Steierhannerzéie liewen, verzichten. Mir kënnen ouni gréissere Schued den automateschen Informatiounsaustausch op den 1. Januar 2015 aféieren, well eis Finanzplaz am Wëssen ëm déi international Entwécklung sech prett dofir gemaach huet.

Et si vun dësem automateschen Informatiounsaustausch d’Revenuë vun deenen EU-Bierger betraff, deenen hir Revenuë, déi hei zu Lëtzebuerg geréiert ginn an déi an d’Applikatiounsfeld vun der europäescher Zënsdirektiv falen. Mir kënnen den Europäer net alles dat verweigeren, wat mer den Amerikaner an engem bilaterale Vertrag wäerte mussen zougestoen. Fir déi Leit, déi hei am Land wunnen ännert sech näischt, si behale wéi bis elo d’Bankgeheimnis an hir Zënsrevenuë ginn un der Quell besteiert.

Ech liesen an opgereegten Zeitungskommentaren heiheem an dobaussen, den automateschen Informatiounsaustausch géif d’Enn vun der Finanzplaz Lëtzebuerg bedeiten. Mee d’Finanzplaz hänkt net existenziell vum Bankgeheimnis of.

D’Regierung knipst der Finanzplaz d’Luten net aus. Et ka sinn datt et zu marginalen Upassungsproblemer kënnt. Mee mir wëssen eppes wat vill anerer net wëssen oder vun deem vill anerer maachen, wéi wa se et net géife wëssen: déi, déi eis Finanzplaz féieren an déi, déi op hir schaffen, gehéieren zur absoluter Weltspëtzt.

3. Fair Gesellschaft

Jean-Claude Juncker:

Net Solidaritéit menacéiert eis, den Egoismus, deen individuellen an dee korporatisteschen, dee  bedrot eis. Den Egoismus an de stupide korporativen Näid zerstéiert d’sozial an d’national Kohäsioun. D’Solidaritéit festegt se. Mee d’Solidaritéit mat Allen ass méi ustrengend wéi deen exklusiven Egoismus, dee sech am eegene Krees dréit. Mir brauchen eng fair Gesellschaft, wou een op deen anere kuckt an eréischt eppes gëtt duerch de Bléck vun deenen aneren op hien. Dat bréngt eis derzou do ze spuere wou mer alleguer betraff sinn an eis do zeréckhale wou déi, déi méi Schwaach sinn als eenzeg d’Pan musse klaken. Dat ass keng Invitatioun fir sozialromantesch an naiv ze sinn an ze ginn. Et ass just een Appell fir méi sozial a gesellschaftlech Fairness. Dat Sichen no méi Fairness, no méi Gerechtegkeet, no méi Chancenoptiméierung zitt sech wéi e schwaarz-roude Fuedem duerch eis vergaangen, aktuell an zukünfteg  Politik.                                                                                                                                                                                                                                                       Ee Beräich wou däitlech méi Fairness ugesot ass, dat ass dee vum Wunnengsbau a vum Logement. A méi Matenee brauche mer och an der Schoul.

 4. Eng Steierreform virbereeden

Jean-Claude Juncker:

An de kommenden dräi Joer  beweegt d’Croissance sech däitlech no uewen. Mir mengen dofir, datt mer gutt Chancen hätten, de gesamtstaatlechen Equiliber fir fréistens 2016 a fir spéitstens 2017 ze packen. Mir packen en awer nëmme wa mer vun 2015 un déi TVA-Recette déi am e-Commerce ewechbrécht duerch eng Augmentatioun vun eisen TVA-Sätz kompenséieren. Mir hunn déi niddregsten TVA-Sätz an Europa. Si hu vun 1993 un net méi bougéiert. Mir sinn dat eenzegt Land an Europa dat d’TVA esou laang agefruer hat. Mee 2015 wäert de Moment komm si fir se unzehiewen, awer esou, datt mer déi niddregsten TVA an Europa behalen. Et recommandéiert sech, dës TVA-Reform an eng méi breet Steierreform anzekleeden, déi eis Tarifstruktur esou ëmbaut, datt déi sougenannte Mëttelschicht  net penaliséiert gëtt. Mat de Virbereedungen zur Steier- an TVA-Reform ass ugefaang ginn. Mee virun 2015 bleift alles esou wéi et ass. Et wier och net klug, am aktuelle konjunkturellen Ëmfeld d’TVA-Struktur ze reartikuléieren.

5. Fir déi Jonk:

Jean-Claude Juncker:

D’Politik an d’Tarifparteie mussen derfir suergen, datt wiesentlech méi Leit den Aarbechtsmaart erëm vu banne kenne léieren. An zwar duerch Aarbecht vu banne kenne léieren.

Dofir menge mer et eescht, mat der Jugendgarantie. All Jonke soll no Ausscheeden aus dem Bildungssystem innerhalb vu véier Méint eng Beschäftegung, e Stage oder eng Formatioun kréien. Eis Absicht ass et net, fir eis ee gutt Gewëssen ze maachen, jonk Leit a Stagen oder an eng Beschäftegung ouni Perspektiv ze „stiechen“. Dës jonk Leit musse suivéiert ginn. Déi, déi se suivéieren, musse fonnt an agestallt ginn.

Dat kascht Geld an dat wat et kascht, musse mer eis et kaschte loossen. D’Contrats d’initiation à l’emploi an d’Contrats d’appui-emploi gi lafend evaluéiert an an hirer Ausriichtung ugepasst. Déi verschidde Pilotprojete fir aarbechtsmaartfern Jugendlecher ginn ausgebaut. Déi progressiv Preretraite gëtt reamenagéiert. Zumutbarkeetsregele fir d’Unhuele vun enger Aarbecht ginn iwwerpréift. Et ass haut scho kloer, datt eng ze grouss Distanz tëschent dem Wunnuert an der Schaff keen Argument méi ka bleiwe fir eng Aarbecht ze refuséieren. An der Hôtellerie an der Restauratioun sinn tëschent 2011 a Januar 2013 2.450 Leit agestallt ginn, ënner hinnen nëmmen 327 Lëtzebuerger. Et muss jidderengem aliichten, datt een onqualifizéierte jonke Lëtzebuerger muss bereet sinn, a wann et och nëmme vorübergehend ass, an der Hôtellerie oder an der Restauratioun ze schaffen. Et ass keng Onéier fir an engem Restaurant oder an engem Hotel ze schaffen. Et ass eng wäertvoll an interessant Aarbecht.