Nationalitéitegesetz

Nodeems d’Reform vum Nationalitéitegesetz de leschte Freideg gréng Luet am Regierungsrot krut, huet de Justizminister François Biltgen se gëschter der Presse presentéiert.

Et sinn elo vereinfacht Prozedure, fir Lëtzebuerger ze ginn.

Nei ass, dass d’Residenzklausel vu 7 op 5 Joer erofgeet. Déi Joere muss een och net méi un engem Stéck am Land gewiescht sinn. Verschidden Openthaltsperiode ginn zesumme gekuckt, just dat Joer virun der Demande muss een ouni Ënnerbriechung hei gewunnt hunn.

Fir d’lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien, ginn et da nach 3 aner Konditiounen.

1)    De Sproochentest. Deen ass zweegedeelt. Schwätzen a Verstoen. Nei ass, datt fir d’Packe vum Test d’Moyenne vun den zwou Epreuven zielt, respektiv, datt een eng Zorte Noexame maache kann.

2)    De Civiques-Cours ass eng aner Konditioun fir Lëtzebuerger ze ginn. Deen Test muss am Prinzip jidderee maachen.

3)    Et dierf ee keng kriminell Vergaangenheet hunn.

Nächst Etappe vun der Reform vum Nationalitéitegesetz sinn elo den Avis vum Staatsrot an dann de Vote an der Chamber.

Echoen aus der Presse:

Wort.lu: http://bit.ly/ZQTlGD

lequotidien.lu: http://bit.ly/Z1Inz3

rtl.lu: http://bit.ly/WIvJoJ