Uni Lëtzebuerg

Den Héichschoulminister François Biltgen ass zefridden. D’Uni Lëtzebuerg krut nämlech eng excellent Zensur.

7 Experten aus verschiddenen europäesche Länner hunn d’Uni ënnert d’Lupp geholl a ganz positiv Konklusioune gezunn. Excellent a ganz gudd gëtt et fir Fuerschung an Enseignement. Di extern Experte soen an hirer Evaluatioun, datt d’Uni hier Zieler areecht an deelweis esouguer iwwertraff huet.

Wat di intern Organisatioun ugeet, sollen et eng Rei Verbesserunge ginn, sou den zoustännege Minister. De François Biltgen huet schonns Gespréicher mat alle Concernéierten, inklusiv de Studenten, ugekënnegt.