Lëtzebuerg-Frankräich

D’Ministere Jean-Marie Halsdorf a Claude Wiseler souze gëschter mat Regierungsvertrieder aus Frankräich zu Senneng beieneen. Grenziwwerschreidend Projet’en stoungen am Mëttelpunkt vun den Diskussiounen.

Sou zum Beispill d‘“Liaison de Micheville“. Di nei an direkt Stroosseverbindung tëscht Belval a Frankräich soll ugangs 2015 fir de Verkéier opgoen, wat am Süde vum Land zu enger däitlecher Verkéiersentlaaschtung a verschiddenen Uertschafte féiere wäert.

Festgehale gouf, datt d’Grenzhaisercher zu Zoufftgen nach dëst Joer sollen ofgerappt ginn. Et gëtt iwwer Verbesserungen am ëffentleche Persounentransport nogeduecht an een Ausbau, plazeweis, vun der A3/A31 soll gepréift ginn.

Um Niveau vun de Schoule soll fir d’Schouljoer 2013/2014 een Austausch  fir Lycéesschüler ufänken an d’Universitéite wëlle méi enk zesummeschaffen.