Jean-Claude Juncker zu Wien

Europäesch Froe stoungen am Mëttelpunkt vun der offizieller Visite gëschter vum Premier Jean-Claude Juncker zu Wien beim éisträichesche Kanzler Werner Faymann . Nieft dem Rettungspak fir Zypern goung et och ëm déi sozial Dimensioun vun der EU.

Am Kontext EU-Finanze wëllen sech Lëtzebuerg an Éisterräich en vu vun internationale Verhandelunge weider concertéieren. Stéchwierder hei sinn: Banken-Unioun, Bankgeheimnis an automateschen Informatiounsaustausch.

D’Presence vum Premier zu Wien huet awer och derzou gedenkt, fir d’Staatsvisite am Abrëll vum Grand-Duc Henri ze preparéieren.

Méi Informatiounen: http://bit.ly/YDxU9M