Waasserpräis

Den zoustännege Minister Jean-Marie Halsdorf ass zefridden. Den Debat gëschter ronderëm Waasserpolitik a notamment  iwwert de Waasserpräis „war konstruktiv“ an huet méi kloer ewéi bis ewell gewisen a wéi eng Richtung et goe kann.

Eng Léisung gouf et gëschter an der Diskussioun wuel net, ma den Debat ass elo lancéiert, sou de Minister, an dat op Basis vun Donnéeën an Erfahrungen, di een 2008 nach net hat.

E Model, dee sech bis ewell als dee beléifsten erausschielt ass dee vum harmoniséierte Waasserpräis. Dee Präis ass bei 7 Euro de Meter Cube plafonnéiert. Bei de Nordgemengen, bei deenen de Präis iwwert deem Montant läit, kéint de Staat d’Differenz bäileeën.

D’Dokumentatioun iwwert den Debat fannt Dir ënner

www.waasser.lu

Op Säit 4 vum „Le Quotidien“ ass haut och een Artikel „Le prix harmonisé séduit“